Copyright 2023 - Custom text here

Medienpädagogik gëtt et scho laang. A genee esou laang gëtt et Enseignanten, déi Medien am Unterrecht agesat hunn. Dat ass also näischt Neies.

Am Schouljoer 2019 - 2020 gouf awer de Medienkompass präsentéiert, deen fir all Enseignant, och fir déi, déi sech an deem Beräich net esou sécher fillen, eng Hëllef ass Medien besser an der Schoul ze benotzen.

Ausserdeem ginn et ab dem Schouljoer 2020 - 2021 nei Enseignanten, déi an de Schoulen hëllefen fir d'Mediekompetenz besser an de Schoulalldag mat anzebréngen. Et sinn 16 I-CN (instituteur spécialisé en compétences numériques), déi sech dëser Aufgab unhuelen.

De Mediekompass ass opgedeelt an 5 Kompetenzberäicher, woubäi et 16 Kompetenzen gëtt, déi méi genee definéiert sinn:

Informations

1) Informatiounen an Daten

 Communication 1

2) Kommunikatioun an
Zesummenaarbecht

 Creation contenus

3) Erstellung vun Inhalter

 Protection

4) Dateschutz a Sécherheet

 Environnement numerique

5) Digital Welt

Méi Detailer iwwer de Medienkompass, déi 16 Kompetenzen, souwéi vill Beispiller zu dëse Kategorien fannt Dir op www.edumedia.lu.

 

Coding, oder méi richteg gesot: "Computational Thinking", ass eng Aart a Weis fir probleemléisenden Unterrecht ze halen. Domat ass Computational Thinking näischt Neies. Vill Enseignanten hunn dat scho laang mat an hiren Unterrecht mat agebonnen. Dobäi kann een oft op déi numeresch Medien zeréckgräifen, wëll déi sech oft ubidden, wann een am problemléisenden a selwer-gestaltenden Unterrecht ass.

Ab September 2020 ginn dës Kompetenzen an de Lëtzebuerger Schoulen gefërdert: Schüler léieren ze verstoen wéi digital Geräter iwwerleeën an si üben Handlungsuweisungen fir digital Geräter, also Algorithmen, selwer opzestellen.

Et ginn 8 Kompetenzen, déi am Computational Thinking benotzt, geléiert a gefërdert ginn:

 Mustererkennung

Mustererkennung

 

Reegelméissegkeeten a Widderhuelungen a komplexe Probleemer erkennen

Verallgemeinerung 

Verallgemengerung

 

Gemeinsamkeeten identifizéieren an doraus en allgemeng Konzept erstellen

Zerlegung 

Zerleeung

 

komplex Probleemer an e puer méi kleng verständlech Aufgaben opdeelen

 Abstraktion2

Abstraktioun

 

wichteg Detailer erkennen, onnéideg Elementer ewechloossen

Algorithmus 

Algorithmus

 

eendeiteg Handlungsschrëtt, eendeitege Wee

Iteration

Iteratioun

 

gläich oder änlech Handlungen erkennen an Widderhuelungen astellen

Debugging 

Debugging

 

Léisungsduerchféierung mat direkten Auswierkungen op dat eegent Denken

Evaluation 

Evaluatioun

 

Iwwerpréiwen vun de Strategien  an der Léisung

Méi Detailer iwwer de Coding, dat ganzt Konzept, d'Material wat ee benotze kann, souwéi vill Beispiller fannt Dir op www.educoding.lu.

 

Umellen